NEWS

Kënschtlech Intelligenz als Assistent fir d’Enseignantë – Community of practice AI

Hei eng Interessant Weiderbildung zum Thema KI an der Grondschoul am Austausch mat aneren Enseignanten:

 

Wéi kann Kënschtlech Intelligenz Enseignanten an hierem Schoulalldag ënnerstétzen?

Interesséiert Enseignantë kënnen an dräi Sessiounen hier Erfarungen zum Thema KI als Assistenz deelen, konkret Asazméiglechkeeten ausschaffen an dës an hirer Praxis austesten.

 

Dësen Austauschgrupp zu Walfer gëtt vun I-CN encadréiert a fänkt de 14. Oktober un (3 Momenter zu Walfer an een an denger Klass)

OPGEPASST: fir zu Walfer matzemaachen muss du dech an der Sessioun B umellen.

Umeldungen an Informatiounen op:

https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/293334?thematics=19002&availability=17001,17003,17…

 

Weider aner Themen sinn:

Kënschtlech Intelligenz als Léiergleedung fir d‘Schüler? – Community of practice AI (ab dem 13. Januar)

Léieren trotz KI – Community of practice AI (ab dem 21. Abrëll)