NEWS

Robotics Challenge

Du hues Loscht mat denge Schüler un enger Challenge deel ze huelen an dobäi och nach Roboteren an deng Klass ze bréngen?

Dann fënds du hei 2 Projeten vum SCRIPT, déi dir dat erméiglechen:

  • D’First Lego League ass scho bekannt an e groussen Ophänker bei de Robotic Challengen. Dës Offer adresséiert sech un de Cycle 4.
  • D’Dash Live Challenge steet schonn zënter leschtem Joer zur Verfügung an ass leider nach manner bekannt, mee mat méi engem manner groussen Opwand, kann een hei am Cycle 3 scho ganz flott Projeten fannen.
  • Fir de Cycle 2 ass elo och d’Junior Robot Challenge do. Och hei steet de Problem Solving ganz uewen a gëtt op eng spilleresch Aart a Weis de Schüler vermëttelt.

Scan de QR-Code oder benotz de Link op de Flyeren fir méi gewuer ze ginn. 

Weider Infoen an Hëllef, wéi een esou eppes an der Klass emsetze kann, kanns du dir ewéi gewinnt bei mir froen.